RSS Feed News KategorienMeine Liste der RSS-FeedsSprache der Site und RSS-Feeds ändernRSS: Lesegeschwindigkeit 0100
RSS: Nachrichten
E Mëttwoch den Owend: Technesch Problemer op de Säiten impfen.lu a vum Large Scale Testing
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 16:33:22
Wéinst de 25.000 Connectiounen, déi ee géint 18 Auer e Mëttwoch registréiere konnt, waren d'Serveren zesummegebrach. De Problem ass awer elo geléist.
Ze wéineg Better: An der Psychiatrie muss en Triage vun de Patiente gemaach ginn
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 16:36:10
D'Psychiatrien an de Spideeler mussen am Moment en Tri maachen, fir ze decidéieren, wéi eng Patienten e Spidolsbett kréien.
Spuenien: Hausdéiere sollen an Zukunft net ënner Trennung vu Koppel leiden
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 15:50:06
Sollt en neit Gesetz a Spuenien gestëmmt ginn, kéint et sinn, datt et och fir d'Déier e gedeeltent Suergerecht gëtt.
EU-Äerdbeobachtungsservice: Europa hëtzt sech weider op
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 14:58:19
Wéi den europäeschen Äerdbeobachtungsservice Copernicus en Donnedscheg matdeelt, huet sech d'Klima an Europa och d'lescht Joer weider opgehëtzt.
Eeler Leit a Fleegeinstitutiounen: CCDH: Leit vu soziale Kontakter ofschneiden ass onmënschlech
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 16:30:03
D'Qualitéit vu Strukturen a Servicer fir eeler Leit verbesseren, méi Transparenz a méi Flexibilitéit: Dat sinn d'Schlësselbegrëffer vum neie Projet de loi.
Dikrech: Et gloust nach ëmmer an der aler Brauerei
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 14:44:47
Nom Groussbrand de leschte Sonndeg, ass et um Donneschdeg d'Nouvelle, dass de Brand nach ëmmer net komplett geläscht ass.
Vandalismus zu Uewerkuer: Eng 100 Griewer goufe beschiedegt, 6 dovunner méi uerg
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 14:21:09
An der Nuecht goufen et ganz schlëmm Akte vu Vandalismus um Kierfecht zu Uewerkuer. Dat huet d'Gemeng Déifferdeng um Donneschdeg de Moie matgedeelt.
Internationale Futtball: Dortmund klappt Union a Sassuolo iwwerrascht den AC Mailand
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 03:10:10
Gladbach verléiert iwwerdeems géint Hoffenheim. Spezia Calcio iwwerrascht den Inter Mailand a Manchester City klappt Aston Villa.
OAI: Lutte géint d'Wunnengskris um Beispill vu Vorarlberg
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 23:30:33
Op Invitatioun vum Ordre des architectes et ingénieurs-conseils war de fréiere Buergermeeschter vu Zwischenwasser a Vorarlberg zu Lëtzebuerg.
BGL Ligue: F91 klappt d'Etzella an d'Jeunesse séchert sech wichteg Punkten zu Déifferdeng
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 02:22:57
Iwwerdeems spillen de Swift an de Progrès an engem spannendem Match 1:1-Gläich.
ABBL: Nettoresultat vun de Banke par Rapport vum leschte Joer ëm 18% zeréckgaangen
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 22:02:50
Dat ass haaptsächlech dorobber zeréckzeféieren, datt wéinst der Covid-Kris an de ville Scholden, d'Banken méi Provisiounen hu missen opschreiwen.
Infoen iwwer Niewewierkungen: 3 Persoune sinn zu Lëtzebuerg no Corona-Impfung gestuerwen
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 21:50:19
E Mëttwoch den Owend hunn de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Point iwwert d'Coronasituatioun zu Lëtzebuerg gemaach.
impfen.lu: Scho 15.000 Leit fir Impfung mat AstraZeneca ageschriwwen (bis 8.30 Auer)
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 21:25:35
Zanter e Mëttwoch 18 Auer fonctionéiert de Site impfen.lu, wou ee sech kann op eng Waardelëscht aschreiwen, fir geimpft ze ginn.
"Historeschen Dag": SMS-Grupp iwwerhëlt komplett Parte vu Paul Wurth
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 23:28:47
Den däitschen Expert am Bau vu Schmelzen a Walzwierker huet e Mëttwoch déi entspriechend Transaktioun ënnerschriwwen.
Net wäit vu Lëtzebuerg ewech: Atomreakter "Tihange 2" gouf onerwaart gestoppt
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 20:02:02
Bis ewell ass nach net kloer, wisou de Reakter erofgefuer gouf, sécher ass, dass de Betrib elo mol agestallt gouf.
Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Maurice Deville markéiert zwee Goler fir Saarbrécken
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 01:00:06
An der Bundesliga huet Mainz sech mam Barreiro wichteg Punkte geséchert an Dynamo Kiew steet mam Gerson Rodrigues an der Finall vun der Coupe.
Coronavirus zu Lëtzebuerg: 2 Mënsche gestuerwen, vun 9.472 Tester waren der 285 positiv
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 21:40:37
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 788 geklomm ass.
Flèche Wallonne: 3. Victoire fir de Julian Alaphilippe
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 19:11:23
E Mëttwoch stoung mat der Flèche Wallonne deen zweeten Ardenneklassiker um Programm.
Covidgesetz: Staatsrot huet net vill um Text auszesetzen ausser der Definitioun vun Terrassen
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 19:17:10
An engem Avis zum neie Covid-Gesetz befaasst sech och de Staatsrot mat der Definitioun, wat eng Terrass ass.
Panorama Social: Eurozon: Aarmutsrisiko fir schaffend Leit ass am Grand-Duché am Héchsten
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 18:28:14
De gréissten Deel vun der finanzieller Laascht geet dobäi op de Logement zeréck.
LCGB an OGBL: Plan de maintien dans l'emploi fir Secteur vu private Bus-Societéiten
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 17:49:42
Dee gëllt fir 4 Méint, vum 1. Mee bis den 31. August.
Damme-Basket: Wichteg Victoire fir d'Damme vun der Musel géint Walfer
rtl.lu Thursday, 22 April 2021 02:15:04
Musel Pikes ka sech mat 71:68 duerchsetzen. Iwwerdeems gewënnt Diddeleng géint Esch an de Gréngewald klappt d'Etzella.
Taxonomie: EU-Kommissioun verréckelt Decisioun iwwer nohalteg Investitiounen
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 16:30:59
D'EU-Kommissioun sollt e Mëttwoch de Mëtteg hir Krittäre presentéieren, wéi eng Projeten an Zukunft virun allem am Energiesecteur als nohalteg gëllen.
Amnesty International: Exekutioune si bannent engem Joer ëm 26% zeréckgaangen
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 14:35:37
2020 sinn op d'mannst 483 Persounen an 18 Länner higeriicht ginn. Dat geet aus dem Joresrapport iwwert d'Doudesstrof vun Amnesty International ervir.
Enquête leeft: E Steierbeamte steet am Verdacht, engem Steierzueler entgéintkomm ze sinn
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 14:15:06
Eng Enquête an eng procédure disciplinaire viséieren ee pensionéierte Beamte vun der Steierverwaltung.
Bloomberg-Artikel: Reprochë vu Mobbing bei Europäescher Investitiounsbank
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 14:17:40
Eng 20 Mataarbechter an Ex-Mataarbechter vun der Investitiounsbank sote Bloomberg, si hätte Mobbing selwer gesinn oder erlieft.
Speedmarathon: Um Mëttwoch huet d'Police zu Lëtzebuerg verstäerkt Vitesskontrolle gemaach
rtl.lu Wednesday, 21 April 2021 10:01:52
A villen europäesche Länner leeft vum 19. bis 25. Abrëll d'Campagne "Speed", un där och Lëtzebuerg sech bedeelegt.